Address
304 North Cardinal St.
Dorchester Center, MA 02124
Work Hours
Monday to Friday: 7AM - 7PM
Weekend: 10AM - 5PM
DMR (Digital Mobile Radio) ass ee vun den neien digitale Standarden deen och vun de Funkamateure fir hier Communicatioun gebraucht gëtt. Déi 2 aner Digital Sproch-Systemer déi an Europa soss nach gréisstendeels benotzt gi sinn D-Star an C4FM. Et gëtt mëttlerweil zu Lëtzebuerg och schonn d’Méiglechkeet fir eng Partie D-Star Relaisen an DMR Relaisen sou ze benotzen, dass ee QSOen onofhängeg vun der Technologie maache kann, sou kann also eng Persoun mat engem D-Star Funkgerät iwwer een D-Star Relais och mat enger Persoun mat engem DMR Funkgerät iwwer een DMR Relais ee QSO féieren.
Waat brauch ech alles:
De Virdeel vun engem Hotspot (Interface tëschend Funk an Internet) par rapport zum Relaisbetrieb ass, dass een sech den Accès net mat aaneren Benotzer deele muss. Präislech interessant sinn d’MMDVM Platinnen, déi een schonn ab 50€ bei groussen Internethandelsplattforme kritt, da brauch een nach e Raspberry mat der Pi-Star Software, déi ass awer gratis.
Innerhalb vum Brandmeister Réseau gëtt et sougenannten TalkGroups. Dat ass e bësse vergläichbar mat engem Chatroom am IRC, dat heescht just wann een un engem gewëssenen TalkGroup intresséiert ass, kann ee säi Funkgerät sou programméieren, dass een héiert wat an deem TalkGroup geschwat gëtt. Dës TalkGroups mussen am Viraus an den Hotspots an och an den DMR Funkgeräter aprogramméiert ginn. Falls een net mat engem Hotspot schafft, mee op UHF direkt iwwer ee vernetzten Relais wëll QSO’en maachen, soll een den Timeslot (TS) 2 benotzen, fir dann dee gewënschtenen TalkGroup dynamesch ze linken. Fir déi benotzbar Relaisen ze fannen, kann een op https://brandmeister.network/?page=repeaters goen, an do “LX0” an de Filter antippen. Leit, déi een Hotspot benotzen, sollten deen am Viraus eventuell statesch op déi gewënschten TalkGroups linken.
Hei kanns du testen ob däi Signal an der entspriechender Grupp iwerdroe gouf:
An op dëser Säit kanns du däin eegent Audio-Signal héieren (uewe riets op der Säit op de Button „Player“ klicken an dann deng Talkgroup-Nummer aginn) :
Brandmeister Hoseline
oder, Du kanns och a laafend Verbindungen era lauschteren. An der entspriechender Case op der Säit uewe riets op de roude „Player-Button“ klicken.